ORCHESTER

D’Harmonie Prince Guillaume (HPG) ass d’Jugendmusek vun der Harmonie Municipale Differdange. Si bitt jonke Musekerinnen a Museker d’Méiglechkeet, an engem vollwäertege Blosorchester zesummen ze spillen an Erfarung am Ensemblespill ze sammelen.

An der HPG geet et net nëmmen ëm Musek, mee och ëm Teamgeescht, Frëndschaft, Engagement a Freed um gemeinsame Musizéieren. De Repertoire ass ofwiesslungsräich a geet vu klassesche Blosorchesterwierker bis bei modern a populär Stécker.

D’Jugendmusek bereet hir Memberen gezielt op de Weiderwee an d’Harmonie Municipale Differdange vir a spillt gläichzäiteg eng wichteg Roll am kulturelle Liewe vun der Stad Déifferdeng.

 

Prouwen

Wéini?

Freides vun 18h30 – 19h30

Wou?

Musekssall vun der Déifferdenger Musek
16, rue Emile Mark, L-4620 Déifferdeng

 

DIRIGENT

LEROY VANDIVINIT

Dem Leroy seng musikalesch Carrière gouf scho fréi an d‘Weeër geleet, wéi hien am drëtte Schouljoer mam Solfège ugefaangen huet, fir spéider eemolBügel spillen ze kënnen.

No puer Joer schonn hat hie säin éischte gréisseren Erfolleg. Hie gewënnt eng Sëlwermedail beim Concours pour jeunes solistes vun der UGDA. Dat war him awer net genuch an dofir mécht hie mat de Joren ëmmer nees mat a gewënnt 3 weider Sëlwer- an eng Gëllemedail beimUGDAsconcours pour jeunes solistes. Als Belounung schéckt d‘UGDA de Leroy wärend enger Summervakanz an e Musekscamp an Amerika, wou hie seng éischt international Erfarunge sammelt. An et ass och dowéinst, wou hie sech spéider am Lycée dozou entscheet, seng musikalesch Carrière auszebauen an ass op 3e an de Kolléisch gewiesselt, wou hien op der Musekssektioun war.

Am Stater Conservatoire huet de Leroy no 8 Joer am Solfège de „Premier Prix Supérieur“ ofgeschloss, a mam Bügel konnt hien en éischte Präis mat „très bien“ virweisen. Niewent dëse Coursë gouf och nach Harmonie, Dechiffrage a 4 Joer Piano beloucht. Seng éischt Erfarungen als Dirigent huet de Leroy bei der Jugendmusek vun Duelem gesammelt. No der Première huet hien sech dozou entschloss fir „Elementare Musikpädagogik“ studéieren ze goen.

An Tëschenzäit huet de Leroy zu Déifferdeng als Sous-Chef vun der Jugendmusek ugefaang an och d‘First Band iwwerholl. Ausserdeem huet hien als „Chargé de Cours“ am Conservatoire a bei der UGDA geschafft. Well dat him awer nach net genuch war, huet en och nach am Stater Conservatoire mat Musikpädagogik a Methodologie ugefaangen, an huet als Kiischt um Kuch säi „Supérieur“ am Bügel mat „très bien“ ofgeschloss.

Am September 2015 gouf de Leroy op der Musikhochschule für Tanz und Musik zu Köln ugeholl an och zu Déifferdeng war hie weider aktiv. Hie gouf Chef vun der Harmonie des jeunes Prince Guillaume a Sous-Chef vun der Déifferdenger Musek. Niewent der Déifferdenger Musek spillt de Leroy nach a senger Coverband de Noisemakers an och bei de Burrito Bléiser. Hien ass och nach Enseignant an der Déifferdenger Museksschoul an och Dirigent vun der Schëtter Musek.

First Band

D’First Band vun der Harmonie des jeunes Prince Guillaume ass op jonk Museker geriicht, déi hir éischt Schrëtt an engem Orchester maachen. All Kand, dat schonn ee Joer e Instrument spillt, kann der First Band bäitrieden a d’Freed un Ensemblemusek an engem flotten Ëmfeld entdecken. D’Participanten léieren ënner der Leedung vum Leroy Vandivinit ze spillen, op anerer ze lauschteren an d’Basis vum Zesummespill ze entwéckelen. D’First Band ass dofir e wesentleche Schrëtt an der musikalescher Ausbildung a bereet d’Museker lues a lues op d’Integratioun an d’Harmonie Prince Guillaume vir.

 

Prouwen

Wéini?

Freides vun 18h00 – 18h30

Wou?

Musekssall vun der Déifferdenger Musek
16, rue Emile Mark, L-4620 Déifferdeng

 

GESCHICHT

Ënnert den éischten am Land

D’Harmonie Prince Guillaume (HPG) geet op eng Initiativ aus dem Joer 1962 zeréck, wéi d’Déifferdenger Stadmusek decidéiert huet, hir vill jonk Talenter an enger eegestänneger Jugendformatioun ze vereenen. Trotz schwieregen Zäiten an engem schwéiere personelle Verloscht konnt de Projet 1964 offiziell lancéiert ginn. Dësen Datum gëllt bis haut als Gebuertsdag vun der HPG.

Schonn an den éischte Joren huet d’Jugendmusek grouss Resonanz beim Public fonnt, mat Concerten am In- an Ausland an enger staarker Ënnerstëtzung duerch d’Stadbevëlkerung. 1966 krut d’Formatioun hiren Numm „Harmonie des Jeunes Prince Guillaume“, iwwerreecht vum Grand-Duc Jean, wat och de staarke Lien zur groussherzoglecher Famill ënnerstrach huet. D’Fahnenwei 1969 war ee vun de markantste Momenter an der fréier Geschicht vun der HPG.

Iwwer Joerzéngte war d’HPG en zentrale Pilier vun der musikalescher Nowuessaarbecht zu Déifferdeng. Ënnert Dirigenten aus den eegene Reien, dorënner den Asca Rampini, gouf mat vill Idealismus a Kreativitéit geschafft, fir d’Jugendmusek stänneg weiderzëentwéckelen. D’Formatioun huet national an international Erfolleger gefeiert an ass an den 1970er Joren esouguer als eng vun de beschten Jugendharmonien am Land bezeechent ginn.

D’Relatioun tëscht Jugendmusek an der grousser Stadmusek war net ëmmer friktiounsfrei. Phasen vu méi grousser Autonomie hu sech mat Zäite vu méi staarker Integratioun ofgewiesselt. Trotzdeem ass et der HPG ëmmer gelongen, hir eege Identitéit ze behalen an de jonke Museker e Raum ze ginn, fir sech musikalesch a mënschlech z’entwéckelen.

No enger méi roueger Phase Enn vun den 1980er Joren koum et an den 1990er Joren zu engem decisive Neiufank, begleet vun engem staarke musikalesche Renouveau an der Grënnung vun enger kommunaler Musekschoul. Dëst huet d’HPG entlaascht a gläichzäiteg nei Perspektiven opgemaach.

Ënnert Dirigenten wéi Serge Kettenmeyer a spéider Gilles Krein huet sech d’HPG nees zu engem dynameschen an innovativen Ensemble entwéckelt, mat neie Projeten, internationale Reesen, Kollaboratiounen an der Grënnung vun der First Band fir déi Jéngst.

Haut steet d’Harmonie Prince Guillaume ënnert der Leedung vum Dirigent Leroy Vandivinit, deen d’Traditioun vun enger héichwäerteger Jugendfërderung mat frëschen Impulser a groussem Engagement weiderféiert.

Haut gëllt d’Harmonie Prince Guillaume als eng vun den eelsten a qualitativ héichwäertegste Jugendmuseken am Land – net nëmmen als Nowuessformatioun, mee als eegestännegen Orchester mat enger staarker Identitéit an enger räicher Geschicht.

HISTORESCH FOTOEN

Präsidenten

Armand Krack (1964)
Jos Kerschen (1965-1973)
Edy Fritsch (ff) (1973-1974)
Jos Crelo (1974-1976)
Edy Fritsch (1976-1980)
Julien Schmit (1980-1982)
Jean-Claude Schmit (1982-1987)
Ignace Pepin (1988-1989)
André Di Bartolomeo (1989-1992)
Jacques Olinger (1993-1996)
Carlo Bernard (1996-2011)
Roland Kayser (2012-2018)
Michel Meisch (2018-haut)

Dirigenten

Asca Rampini (1964-1968)
Arny Winkel (1968-1972)
Daniel Giampellegrini (1972-1974)
Jos Placidi (1974-1977)
Asca Rampini (1977-1979)
Guy Heintz, Jean-Claude Mattern, Françis Nürenberg (1979)
Jean-Claude Mattern (1980)
Marco Battistella (1981)
Roby Pozzacchio (1982-1985)
Romain Hoffmann (1985-1989)
Michel Gallo (1992-1995)
Serge Kettenmeyer (1995-2006)
Fränk Bausch (2006-2008)
Gilles Krein (2008-2015)
Leroy Vandivinit (2015-haut)

COMITé

Nom der Generalversammlung vum 23. Januar 2026 besteet de Comité wéi follgend:

Präsident: Michel Meisch

Memberen: Daniel Alves, Sam Bernard, Lydie Bram, Jang Elsen, Louis Elsen, Emmanuel Goergen, Martine Goergen, Cédric Heinen, Melvin Machado, Dominique Mosar, Raphaël Mosar, Michel Pereira, Doreen Sausner