Haut, Muer an Deemools ass e Podcast vun der Harmonie Municipale de la Ville de Differdange, oder einfach, vun der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht hannert sech mee och nach vill viru sech. Hei kritt dir iwwer Interviewe mat Zäitzeie mat, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. Lauschtert no an erlieft en nostalgeschen an informativen Abléck iwwert d’Originn vun der HMD. Der héiert perséinlech Geschichte vun de Memberen a léiert iwwer d’Entwécklung an d’musikalesch Ierfschaft vun eisem Veräin.

Episode 1
François Goergen (Deel 1)
An eiser éischter Episod schwätze mer mam Fränz Goergen. De Fränz ass schonn iwwer 70 Joer bei eis am Veräin an huet esou munch Anekdoten ze erzielen. An dëser éischter Nummer vun eisem Podcast fänke mir an de 40er Joer un a gi mat him duerch bal 4 Joerzéngte vun eisem Veräin. Mer kréie witzeg Anekdoten erzielt, wéi si als Bouwen an Italien op ee Concours gefuer sinn, bis hin zu de schwéieren Zäiten ëm de Schluss vum Camille Roilgen. Lauschtert eran!
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira
Technik: Dominique Mosar
Opgeholl den 11. Januar 2025 am Sonotron.

Episode 2
Nicolas Elsen
An dëser zweeter Episod hu mir e Generatiounewiesselen a mir schwätzen mam Nicolas Elsen och am Veräin Néckel genannt. Hien huet virun ongeféier 20 Joer an der Harmonie Prince Guillaume, d’Jugendmusek vun der HMD, ugefaangen. Hien erzielt eis ënner anerem wéi et dozou komm ass datt hien Trombonn spillt an iwwert d’Reesen déi mir mat deenen zwee Veräiner gemaach hunn. Loosst iech dëst Episod net entgoen.
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira
Technik: Dominique Mosar
Opgeholl den 11. Januar 2025 am Sonotron.

Episode 3
Raphael Mosar (Deel 1)
Haut hu mer héije Besuch, de Raphael Mosar, eis Vizepresident kënnt mat eis schwätzen. Hien huet bei eis 2004 um Saxofon ugefaangen an huet sech vum Jugendmuseker bis zum Vizepresident erop geschafft, wéi et dozou komm ass dass hien als Teenie awer bal opgehal hätt a vill méi gitt dir an dëser Folleg gewuer.
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira
Technik: Dominique Mosar
Opgeholl de 25. Januar 2025 am Sonotron.