Harmonie Municipale de la Ville de Differdange

Merci Jos!

Déngschteelste Museker huet säi leschte Concert mat der HMD gespillt

Den 20. November 2022 huet de Jos Meyer, bis dohin déngschteelste Museker vun der HMD, am Kader vum Cäcilieconcert, säi leschte Concert mat eis gespillt. Domadder geet dem Jos seng iwwer 60-järeg Karriär als Saxophonist an der HMD op en Enn. De Jos, deen op praktesch all Sortie present war, geet elo als Éieremusikant an seng wuelverdingten musikalesch Pensioun a bléckt op eng nennenswert Karriär bei der HMD zeréck.

De Jos huet seng Begeeschterung fir d’Musek scho vu sengen Eltere geierft, déi laut sengen Aussoen, vill a gär gesongen hunn, a vun deenen hien, als klengt Kand, all déi zu där Zäit bekannte lëtzebuergesch Lidder geléiert huet. Am Alter vu 5 Joer huet hien da vum Kleeschen säin éischt Instrument kritt, wat, deene prekäre Verhältnisser vun de Krichsjoren ugepasst, eng kleng Mondharmonika war.

Wéi hien am Alter vun 10 vun Esch op Suessem geplënnert ass, huet de Jos da fir d’éischte Kéier gemierkt, wat fir eng grouss Roll e Museksveräin an engem Duerf spillt. Dësen Ëmstand huet de Jos dann op d’Iddi bruecht, sech selwer an engem Veräin z‘engagéieren, an esou ass et da komm, dass hien am Joer 1951 an d’Suessemer Musek komm ass, wou hien Ufanks nach Bügel gespillt huet.

D’Iddi, fir vun der Suessemer Musek an d’HMD ze wiesselen, ass dem Jos awer net vum selwe komm. Et war nämlech de Jean Gantrel, deen de Jos spéider op der HADIR kennegeléiert huet, an deen deemools Präsident vun der HMD war, deen him sou laang en déckt Ouer gemaach huet, bis de Jos sech dann decidéiert huet, sech dem Opnamexame beim Camille Roilgen, ze stellen.

Als Member vun der HMD huet de Jos dann déi gëllen Zäiten ënnert der Leedung vum Asca Rampini materlieft, an der den Orchester mat bis zu 100 Mann Besetzung op Cortègen a Concerten opgetrueden ass. Als Héichpunkt vun dëser Zäit kann een ouni Zweiwel wuel den Gewënn vun der „Lyre d’Or“ um Concours zu Vichy nennen. Weider grouss Evenementer aus der Zäit ware sécher och déi legendär Showconcerten an der Uewerkuerer Sportshal.

Och no der Zäit vun der „grousser“ HMD, huet de Jos net doru geduecht de Veräin ze verloossen, sou dass hien dem Veräi bis haut trei bliwwen ass an insgesamt 11 Dirigenten zu Déifferdeng materlieft huet.

Deene meeschten aktive Membere vun haut wäert de Jos als zouverlässege Saxophonist an treie Member an Erënnerung bleiwen. Hien war sech och ni ze Schued den neie Memberen, egal ob jonk oder al, en léift Wuert zouzeschwätzen, soudass een sech ëmmer direkt wuelgefillt huet. Op der anerer Säit huet de Jos awer och ni gefaart, seng Meenung ze soen, an Kritik ze äusseren, wann se ubruecht war. Sou huet hien sech zum Beispill ni genéiert, fir sech opzereegen, wann d’Leit wärend de Prouwe rëm ze oft um Handy gespillt hunn, amplaz op hiren Instrumenter.

Jos, mir kënnen dir nëmme Merci fir alles soen, an hoffen dech selbstverständlech op eisen nächste Concerten – och wann dës Kéier als Zuschauer – erëm ze gesinn.

Powered by WordPress