Scho fréi an denger Kandheet hues du dech fir Musek interesséiert. Wat waren deemools d’Grënn fir mat der Musek unzefänken, a wat niert deng Motivatioun nach haut?
Also éierlech gesot war dat net sou richteg en Choix fir mech. Meng Elteren hu mech einfach sou am éveil musical ageschriwwen, do wäert ech 5 Joer gehat hun. Ech kann mech awer nach un den éischten Cours erënneren: Meng Mamm huet mech dohinner gefouert an ass mat mir an den Sall gaangen, do stoung ech dann do mat lauter anere Kanner a mengem Alter an engem Sall wou puer Instrumenter stoungen an Nouten un der Mauer hungen. Sou huet amfong alles ugefaangen, an bis haut kann ech mengen Elteren nëmme Merci soen, datt sie mech dohi geschleeft hunn. Wat mech haut nach motivéiert ass de Fait, datt ech dat lo schonn sou laang maachen, datt et fir mech schwiereg wäer dat alles einfach opzeginn. Ech maachen dat lo scho vu Klengem un, dat as mir mëttlerweil zimlech un d’Häerz gewuess.
Wat verbënnt dech mam Saxofon, a wéisou ass däi Choix op dëst Instrument gefall?
Ech hu mech fir den Saxofon décidéiert, well ech dat am « coolste » fonnt hunn. Klarinett a Flütt ware fir mech Meedechersinstrumenter, dowéinst hunn déi zwee mech net sou richteg interesséiert. Beim Saxofon war dat anescht. Et huet mech ëmmer zimlech impressionnéiert, wann ech um Radio oder op der Tele en Saxofonssolo héieren bzw gesinn hunn, dowéinst hunn ech mech dofir entscheed.
Wat hues du an denger musikalescher Carrrière bis haut erreecht, a wou geet d’Rees nach hin? Wat sinn deng Ziler?
Ech hu bis elo den zweeten Accessite um Saxofon zu Déifferdeng an der Museksschoul beim Olivier Sliepen gemaach. Wéinst der Schoul hunn ech duerno mam Cours opgehal a net erëm ugefaang. Ech spille bis haut awer mam Gedanken fir fläit erem unzefänken an den éischten Accessite ze maachen. Dann hätt ech mam Saxofon nämlech alleguer d’Examen gemaach, déi een ouni Conservatoire maache kann.
Wat verbënns du mat der HMDifferdange?
Villes. Ech sinn Ufank 2004 duerch d’Musekschoul an d’Jugendmusek komm, 3 Joer méi spéit bei déi grouss an d’HMDifferdange. Ech hunn hei vill Leit kennegeléiert, vun deene verschiddener haut zu menge beschte Kolleegen zielen. D’Liewen am Veräin huet mech bis haut zimlech gepräägt. Vue que datt ech dat alles bei der HMD geléiert hunn, géif et mir zimlech schwiereg falen, de Veräin ze verloossen.
Wat huet dech dozou beweegt deng Kandidatur als Vizepresident ze stellen?
Dat as eng gutt Fro, déi ech mer lo nach stellen. Nodeems bekannt gouf, datt eisen aalen President, den Roland KAYSER, géif zerécktrieden, ass d’Sich no engem Nofolger ugaangen. Wéi dee bis fonnt war, gouf och e neie Vizepresident gesicht. Zu dem Zäitpunkt do, war mer dat awer zimlech egal. Ech wäer ni op d’Iddi komm, mat mengen 23 Joer als Vizepresident ze kandidéieren. Schliisslech huet eise Chef et no laanger Discussioun awer fäerdeg bruecht, mäer anzerieden datt dat awer fläit eppes fir mech kéint sinn, an do hunn ech mer einfach geduet „Firwat net“. Ech bereien meng Décisioun awer net a si mëttlerweil zimlech frou, datt ech mech gemellt hunn.
Wat géifs du dir fir Zukunft vun der HMDifferdange / HPG wënschen?
Ech wenschen mir, datt mir irgendwann erëm op e Niveau kommen, datt mer eis kënnen op Concoursen weisen, parallel dobäi awer net de Spaass un der Saach ze verléieren…
Wat wëlls du als Vizepresident vun der Musek ereechen?
Ech perséinlech hunn ëmmer e gewëssenen Drang a mir mech wëllen ze verbesseren. Als Vizepresident wäer ech frou wann ech et géif fäerdeg brengen, deen Drang op meng Kolleegen an der Musek an am Comité ze iwwerdroen.
Wat waren déi Momenter an der Musek, déi dech gepräägt hunn?
Do falen mer der zwee an: Den éischte war, wéi ech 2010 d’Chance hat, zesumme mat verschiddenen anere jonke Museker e Concert mat der Militärmusek zu Uewerkuer an der Sportshal ze spillen. Als klengen Hobbymusikant war et schonn zimlech interessant ze erliewen, wéi sou Prouwen oflafen, bzw wéi dat ass, mat professionelle Museker op der Bühn ze stoen.
Als zweet denken ech do un eis Concertsrees a Portugal am September 2015. Do hu mir e Concert gespillt an engem Duerf net wäit vun Porto ewech. De warmen an häerzlechen Acceuil dee mir do vun der Duerfmusek kritt hunn, bzw déi Begeeschterung mat däer d’Leit eis nogelauschtert hunn, ass fir mech bis haut onbeschreiwlech.