Tous les ans quelques semaines après les vacances de Pâques, la Ville de Differdange organise sa traditionnelle kermesse. L’Harmonie Municipale de la Ville de Differdange se joint aux festivités en participant au cortège d’ouverture et en jouant le traditionnel Hämmelsmarsch à travers les rues de la ville. Et cette année encore, l’HMDifferdange ne rate pas l’occasion de fanfaronner fièrement cette mélodie qu’y ne sort plus de la tête après l’avoir entendue.
Cette année la kermesse a l’allure d’une petite Schueberfouer. De nouvelles attractions trouvent place au parking des hauts-fourneaux, entre autres une grande roue, le Tagada, la Turbine, Jean La Gaufre et beaucoup d’autres. L’ouverture officielle a lieu le vendredi 27 avril 2018 à partir de 18h30. Une journée à tarif réduit est prévue le 10 mai, ainsi qu’un feu d’artifice le 12 mai.
Dans l’édition 79 de notre Trait d’Union nous avons évoqué la tradition du Hämmelsmarsch. Ci-dessous vous trouvez l’article publié en langue luxembourgeoise.
DEN HÄMMELSMARSCH
ENG LËTZEBUERGER TRADITIOUN
‘T as Kiirmesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass,
‘T jäitzt eng Clarnett an ‘t brommt eng schaddreg Baass,
An d’Hämmel gin derbei mat Bänn a Flettschen un,
Blénkeg zënne Plettlen an der Rei sin hannendrun,
Sin hannendrun;
An d’Kanner loossen hire Kaffi ston
Fir deene schéinen Hämmel nozegon
Wou d’Musek as, déi spillt sou lëschteg d’Gaassen an,
Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze man,
Hir Ronn ze man.
(1. Stroph vum Hämmelsmarsch – Text: Michel Lentz)Kennt Dir dësen Text? Vläicht wësst Dir och wat fir eng Melodie hei derzou passt. Wann Dir zu Déifferdeng wunnt, héiert Dir se ob alle Fall mindestens eemol d’Joer. Mee net nëmmen zu Déifferdeng, och soss a ville Stied an Dierfer kann een dëst traditionellt Lëtzebuerger Lidd, den Hämmelsmarsch, reegelméisseg héieren.
Gewéinlech zéien déi lokal Museksveräiner duerch Stroossen, spillen den Hämmelsmarsch a lueden d´Leit fir d’Kiermes an. Op verschiddene Plaze sinn an dësem Ëmzuch nach ëmmer Hämmel, also Schof derbäi, su wéi dat de Brauch war. Och wann zu Déifferdeng just nach am Kiermescortège Hämmel derbäi sinn, gëtt den Hämmelsmarsch nach ëmmer gespillt. Bei der Schueberfouer ass dëse Brauch fir d’éischt opkomm. Deemools wollten d’Foraine Reklamm fir e Schéissconcours maachen, bei deem et als Präis grouss Hämmel ze gewanne gouf. Den Erfolleg huet net op sech waarde gelooss, a geschwënn sinn d’Hämmel op villen Dierfer mat duerch d’Stroosse gezunn.
Dëse Brauch ass awer net nëmmen eng typesch Lëtzebuerger Traditioun, mee och eng wichteg Einnahmquelle fir d’Museksveräiner. Während dem Hämmelsmarsch gi Member vun der Musek vun Dier zu Dier a schellen, wann d’Leit net schon souwisou d´Déck Tromm vu wäitem héieren hunn. Fir Merci fir d’Spende vun de Leit ze soen, spillt d’Musek entweder den Hämmelsmarsch, d’Kiermeslidd oder en Tusch.D’Déifferdenger Musek ass véier mol d’Joer um Tour fir an deene verschiddene Quartiere fir d’Kiermes anzelueden. Enn Abrëll, Ufank Mee geet et mat der Déifferdenger Kiermes lass. Op Péngschtméindeg geet d’Harmonie Municipale de la Ville de Differdange op der Zowaasch fir d’Kiermes spillen. Enn Juli an der grousser Vakanz ass et dann den Tour vun der Fousbanner Kiermes, ier d’HMDéifferdeng dann am Oktober duerch Uewerkuer fir den Hämmelsmarsch zitt.
Fir d’Musikanten ass et an enger grousser Stad wéi Déifferdeng e Privileeg fir kënnen des Traditioun oprecht z’erhalen, mee et sinn awer och ustrengend Deeg a si sinn ëmmer frou, wann d’Leit d’Dier opmaache fir hinnen no ze lauschteren an e klenge Su an d’Kees ze leeën. Merci all deene Leit, déi dat Joer fir Joer maachen an eise Veräin esou ënnerstëtzen. D’HMDéifferdeng freet sech geschwënn nees bei Iech laanscht ze kommen, wann et erëm heescht “T’ass Kiermes am Duerf…”!
Martine Goergen