Harmonie Municipale de la Ville de Differdange

Eis Veräinsbrochure, den Trait d’Union, feiert säi 50. Gebuertsdag

Am Abrëll 1972 gouf déi éischt Editioun vum Trait d’Union publizéiert. D’Iddi dohannert war et d’Membere vun der Musek an och déi Déifferdenger Populatioun besser iwwert hir Stadtmusek ze informéieren. D’Iddi vun der Veräinsbrochure geet op de Gallions Jängi zeréck, den an senger Funktioun als Präsident vun der HMD (1952-1959) an och als Déifferdenger Buergermeeschter (1964-1968) drop gedrängt huet e Moyen ze fannen fir d’HMD no bausse nach méi bekannt ze maachen an déi wichteg Informatiounen méi séier un d’Leit ze brengen. Am Virwuert vu der éischter Editioun steet: „Es ist ungenügend eine gute Vereinsarbeit zu leisten und in Genugtuung zu schwelgen, wenn man versäumt, die Bindung mit der Bevölkerung aufrechtzuerhalten.“

Eng Brochure ze erstellen ass awer net einfach a mat vill Opwand verbonnen. 10 Joer sollt et daueren bis déi éischt Editioun vum Trait d’Union Realitéit sollt ginn. Virdrunner stunge nach aner Sujeten um Ordre du Jour vum Comité: En Dirigentewiessel, d’Jugendkapell huet misse nei erfonnt ginn (vill vun de Musikanten waren an Zwëschenzäit ze al ginn). Grouss Concourse stunge virun der Dir: Varallo Dikrech, Vichy.

Leider ass de Gallions Jängi ze fréi gestuerwen a konnt seng Iddi vun der Brochure net méi selwer realiséieren. De neie Präsident vun der HMD, de Notär Jos Kerschen, huet d’Saach an d’Hand geholl an huet e Comité de rédaction mat enger ganzer Rei vu Collaborateure geschaf. Sekretär dovunner war de Vic Eischen Jr. Nach dobäi de Goergen Francis, Leyers Camille, Lorang Johny, Kerschen Joseph a Schmit Jules. Niewent den Annoncen an dem Virwuert vum Präsident stungen Texter zu den Aktivitéiten vun der HMD an der HPG am Mëttelpunkt. Beléift war virun allem d’Veräinschronik an och de Coin des Jeunes. Och fir Titelsäit huet een sech eppes Extraes afale gelooss. Bei der éischter Editioun gouf déi vum Kënschtler Mars Schmit sengem Wierk „IX Symphonie“ verschéinert. D’Kollaboratioun mam Mars Schmit sollt sech zu enger Traditioun entwéckelen, déi dono vum Gilbert Peckels weidergefouert gouf.

Mat der Zäit gouf aus dem Comité de rédaction eng One-man-show an den Trait d’Union gouf vum Fränz Goergen bis zur 66. Editioun ganz alleng produzéiert. Eréischt dono gouf d’Relève vun der Jugend ënnert der Leedung vum Michel Pereira, Martine Goergen a Michel Meisch iwwerholl. Dat Ganzt ënnert der Opsiicht vum Marcel Meisch. Haut feiert den Trait d’Union seng 50 Joer an et goufen 87 Editioune publizéiert. D’Funktioun fir d’Musik mat senge Memberen an der Déifferdenger Populatioun ze verbannen ass nach ëmmer aktuell. Den Trait d’Union gëtt haut an 11.500 Boîten an der Gemeng Déifferdeng verdeelt.
An dem Sënn:
Vive den Trait d’Union!
Vive d’HMD!

Powered by WordPress