Leroy Vandivinit

Dem Leroy seng musikalesch Carrière gouf scho fréi an d‘Weeër geleet, wéi hien am drëtte Schouljoer mam Solfège ugefaangen huet, fir spéider eemol Fluegelhorn spillen ze kënnen.

No puer Joer schon hat hien säin éischte greisseren Erfolleg. Hie gewënnt eng Sëlwermedail beim Concours pour jeunes solistes vun der UGDA. Dat war him awer net genuch an dofir mëcht hien mat de Joren ëmmer nees mat a gewënnt 3 weider Sëlwer- an eng Gëllemedail beim Ugda’s Concours pour jeunes solistes. Als Belounung scheckt d‘Ugda de Leroy während enger Summervakanz an e Musekscamp an Amerika, wou hien seng éischt international Erfarunge sammelt. An et ass och dowéinst, wou hie sech spéider am Lycée dozou entscheed, seng musikalesch Carrière auszebauen an ass op 3e an de Kolléisch gewiesselt, wou hien op der Musekssektioun war.

Am Staater Conservatoire huet de Leroy no 8 Joer am Solfège de „Premier Prix Supérieur“ ofgeschloss, an mam Fluegelhorn konnt hien en éischte Präis mat „très bien“ virweisen. Niewent dëse Coursen gouf och nach Harmonie, Déchiffrage a 4 Joer Piano beloucht. Seng éischt Erfarungen als Dirigent huet de Leroy bei der Jugendmusek vun Duelem gesammelt. No der Première huet hien sech dozou entschloss fir „Elementare Musikpädagogik“ studéieren ze goen.

An Tëschenzäit huet de Leroy zu Déifferdeng als Sous-chef vun der Jugendmusek ugefaang an och d‘First Band iwwerholl. Ausserdeem huet hien als „Chargé de Cours“ am Conservatoire a bei der Ugda geschafft. Well dat him awer nach net genuch war, huet en och nach am Staater Conservatoire mat Musikpädagogik an Methodologie ugefaangen, an huet als Kiischt um Kuch säi „Supérieur“ am Fluegelhorn mat „très bien“ ofgeschloss.

Am September 2015 gouf de Leroy op der Musikhochschule für Tanz und Musik zu Köln ugeholl an och zu Déifferdeng war hie wieder aktiv. Hie gouf Chef vun der Harmonie des Jeunes Prince Guillaume a Chef-adjoint vun der HMDifferdange. Niewent Déifferdeng spillt de Leroy nach an der Lumaband an a senger Coverband de „Noisemakers“. Ausserdeem wëll hien seng musikalesch Carrière am Staater Conservatoire mat engem Diplome de Concert ofschléissen. 

Devenir membre

Si vous jouez d'un instrument à vent ou à percussion, rejoignez l'Harmonie Municipale Differdange ou l'Harmonie des jeunes Prince Guillaume. Vous trouvez les horaires des répétitions ci-dessous.

Si vous ne jouez pas encore d'un instrument, inscrivez-vous à l'école de musique de la ville de Differdange. Pour plus d'informations, cliquez ici.

Si vous avez des questions, n'hésitez pas à nous contacter à l'adresse Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser..

Catalogue instruments

Cliquez sur le lien ci-dessous afin d'accéder au catalogue de nos instruments d'occasion à vendre. Pour toute information contactez Melle Martine Goergen à l'adresse: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Télécharger le catalogue

Rock History feat. André Depienne

Horaires des répétitions

First Band HPG:

Vendredi de 18h00 à 18h30 

Harmonie Prince Guillaume:

Vendredi de 18h30 à 19h30

Harmonie Municipale Differdange:

Vendredi de 20h00 à 22h00

Visiteurs depuis 17/02/2009

Total Aujourd'hui 9

Total Mois 319

Total 30425

Trait d'Union

Video Games - The Gamer (Kees Vlak)

Web Analytics